Home / For Parents & Schools / Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch

For Parents & Schools

Mir freeën eis iwwert Ären Interessi un eiser Fuerschung!
 

Am Grupp fir Sprooch a kognitiv Entwécklung si mir drun interesséiert ze verstoen, wéi Kanner léieren. Fir dat erauszefannen, kënne mir d’Kanner natierlech net einfach froen. Mir kucken amplaz, wéi si Aufgaben, déi hinnen op eng spilleresch Manéier presentéiert ginn, léisen.

Eis Aarbecht ass nëmme méiglech duerch d’Ënnerstëtzung vun de Léierpersounen, den Inspekteren, de Schoulen, den Elteren an de Kanner. Iech op dëser Plaz e grousse Merci. Mir brauche weiderhin Är Hëllef, fir nei Projeten duerchzeféieren. Mir zielen dofir och an Zukunft op Är Zesummenaarbecht a soen Iech schonn am Viraus villmools Merci.

Duerch d’Matmaachen un eiser Fuerschung, hëlleft Dir eis, fir komplex Léierprozesser besser ze verstoen. Dëst ass wichteg, fir all eise Kanner déi beschtméiglech Chancen op eng erfollegräich Schoulcarrière garantéieren ze kënnen.
 

Hei drënner fannt Dir eng Partie vun de Froen, déi mir dacks vu Léierpersounen oder Eltere gestallt kréien. Wann dir Loscht hutt, bei eiser Fuerschung matzemaachen oder wann Dir Iech weider Informatioune wënscht, dann zéckt net a mellt Iech beim Pascale Engel de Abreu.

Weider Informatiounen zu eenzelne Projete fannt Dir hei.
 
  

Ëm wat geet et an eiser Fuerschung?

An eisem Grupp si mir drun interesséiert ze verstoen, wéi Kanner léieren, firwat verschidde Kanner un enger „spezifescher Léierschwieregkeet“ (wéi z.B. Dyslexie) leiden, a wéi mir eise Kanner kënnen hëllefen, hiert vollt Potenzial an der Schoul auszeschäffen.

Mir siche wëssenschaftlech Äntwerten op eng Rei vu wichtege Froen, wéi zum Beispill:

  • Wat ass den Afloss vun engem Kand sengem Ëmfeld op seng Sprooch a kognitiv Entwécklung?
  • Wéi kann een eng „spezifesch Léierschwieregkeet“ bei engem méisproochege Kand erkennen?
  • Wéi léiere Kanner an enger Friemsprooch liesen a schreiwen, a wéi kënne mir hinnen dobäi hëllefen?
  • Firwat hu sou vill Kanner mat engem Migratiounshannergrond Léierschwieregkeeten am lëtzebuergesche Schoulsystem, a wéi kënne mir si am beschten ënnerstëtzen?
  • Wellech Konditioune mussen erfëllt sinn, fir datt e Kand ka méisproocheg ginn?
  • Wat sinn d’Auswierkunge vun der Méisproochegkeet op d’Entwécklung vum Gehir? 

Weider Informatiounen zu eenzelne Projete fannt Dir hei.

Zeréck no uewen

 
  

Firwat ass eis Fuerschung wichteg?

Duerch d’Situatioun vun der Méisproochegkeet an deem groussen Undeel u Kanner an eise Schoulen, déi eng aner Sprooch ewéi Lëtzebuergesch doheem schwätzen, ënnerscheet sech eist Land vun deene meeschten aneren. Mir kënnen also dacks net einfach Fuerschungsresultater aus dem Ausland an dem lëtzebuergesche Kontext applizéieren. Mir brauchen eis eege Fuerschung fir genee ze verstoen, wéi Kanner a lëtzebuergesche Schoule léieren a wéi mir hinnen dobäi am beschten hëllefe kënnen.

Et feelen zu Lëtzebuerg adequat Tester, déi d'Psychologen, d'Pedagogen, d'Orthophonisten oder aner Professioneller kënne benotzen, fir eise Kanner hir Sproochkompetenzen an aner kognitiv Funktiounen ze evaluéieren. Dofir ass et dacks schwéier, spezifesch Léierschwieregkeete fréizäiteg ze erkennen. Et stellt sech de Problem, datt d'Tester, déi am Ausland entwéckelt goufen, dacks net fir de lëtzebuergesche Kontext gëeegent sinn.

Eis Fuerschung hëlleft eis, fir komplex Léierprozesser besser ze verstoen. Dëst Wësse kann de Léierpersounen hëllefen, fir d’Kanner an der Schoul besser ze ënnerstëtzen. Ee vun eisen Haaptziler ass, wëssenschaftlech fondéiert Tester an Interventiounsmaterialien ze entwéckelen, mat deenen ee Kanner mat Léierproblemer fréizäiteg entdecken an adequat betreie kann.

Zeréck no uewen

 
 
Wéi maache mir eis Fuerschung a wat geschitt mat de Kanner?

Mir ginn dacks a Schoulen a schaffen eenzel mat all Kand. Dofir huele mir d’Kand meeschtens aus der Klass eraus a sëtzen eis mat him op eng roueg Plaz an der Schoul. Normalerweis dauert eng Evaluatioun net méi wéi 30 Minutten. Et kann awer sinn, datt mir d’Kand méi wéi eng Kéier musse gesinn. Wann d'Evaluatioun fäerdeg ass, kritt d'Kand normalerweis e klenge Präis, z.B. e Buch oder en Diplom.

D’Aufgabe ginn dem Kand op eng spilleresch Manéier presentéiert. Verschidden Aufgabe sinn um Computer, anerer si sougenannten „paper-pencil“ (Pabeier-Bläistëft) Aufgaben. Z.B. weise mir dem Kand Biller (en Hond, eng Sonn…) a froen, datt et d'Biller soll benennen. Heiansdo teste mir d’Kanner och am grousse Grupp, an der Klass selwer.

A verschiddene Projete schaffe mir och iwwert eng Zäit méi intensiv mat enger Partie vu Kanner (eenzel oder am Grupp). Dëst si sougenannten „Interventiounstudien“. Mir entwéckelen heifir Programmer, déi de Kanner sollen hëllefen, besser ze léieren (z.B. ze liesen). Ee Grupp vu Kanner kritt de Programm an een anere Grupp kritt en net (oder kritt een anere Programm). Mir testen d’Kanner virun an no der Interventioun a kucken, ob de Programm wierklech dee Beräich gefërdert huet, deen e soll.

Zeréck no uewen

 
 
Wat musse mir Fuerscher maachen, éiert mir e Kand kënnen testen? 

Fir d’éischt musse mir kucken, fir déi néideg Sue fir eise Projet ze kréien. Dëst geet net automatesch. Mir schreiwen heifir normalerweis e sougenannten „grant proposal“ („Förderantrag“). Un deem schaffe mir dacks méintelaang. Dee schécke mir dann un eng Agence, déi Fuerschung finanziell ënnerstëtzt, zum Beispill de „Fonds National de la Recherche Luxembourg“. Déi loossen d’Fuerschung vun enger Rei vun internationalen Experten evaluéieren. Dacks gi just e klengen Undeel vu Projete fir d'Finanzement zeréckbehal.

Wann de Projet d'Finanzement krut, maache mir eng Demande un ee vun eisen Ethik-Komiteeën (den ERP oder de CNER). Wa fir de Komitee ethesch alles an der Rei ass, kontaktéiere mir den Unterrechtsministère a setzen eis mat den Inspekteren a Verbindung. Nëmmen, wa béid averstanen sinn, wende mir eis un d’Léierpersounen.

Wann d’Léierpersounen d’accord sinn un der Fuerschung deelzehuelen, ginn d’Eltere vun de Kanner kontaktéiert. Si kréien erkläert, ëm wat et an der Fuerschung geet a ginn iwwert eventuell Risiken opgekläert, sou datt si kënnen eng informéiert Decisioun huelen, ob hiert Kand un der Fuerschung deelhëlt oder net. Dëst gëtt als „informed consent“ (informéiert Awëllegung) bezeechent. Natierlech kënnen d’Kanner dann och nach selwer entscheeden, ob si wëlle matmaachen. 

Zeréck no uewen

 
 
Wat kënnt op mech duer, wann ech als Léierpersoun un engem Fuerschungsprojet deelhuelen?

Et kënnt e Fuerscher bei Iech an d’Klass an erkläert Iech, ëm wat et an der Fuerschung geet a wéi den Oflaf geplangt ass. Dir kritt dës Informatiounen normalerweis och schrëftlech. Meeschtens biede mir Iech de Kanner den „informed consent“ Bréif (informéiert Awëllegung) fir d'Eltere mat heem ze ginn. Dacks froe mir Iech, datt Dir den Autorisatiounsformulaire no e puer Deeg, vun den Elteren ënnerschriwwen, nees asammelt. E Fuerscher kënnt dann all d’Formulairë bei Iech an d’Klass sichen a kuckt mat Iech zesummen, wéini datt den Testing ka lassgoen.

Well mir dacks Honnerte vu Kanner testen, ass et net ëmmer méiglech, genee Horairë fir all Kand festzeleeën. Mir kucken dowéinst normalerweis mat Iech zesummen, wellech Deeg fir den Testing NET a Fro kommen a leeë méi generell Periode fest, wou d’Kanner kéinte getest ginn (z.B. an der Woch vum 1ten Oktober). De Fuerscher kënnt da bei Iech an d'Klass d'Kand sichen, schafft eng Zäit mat him, bréngt et zeréck an hëlt dann dat nächst Kand mat. Mir maachen eist Bescht, datt dëse Va-et-vient den normale Schouloflaf esou wéineg wéi méiglech stéiert.

A verschiddene Projete biede mir Iech, Froebéi auszefëllen. Dëst kann eppes ganz Kuerzes sinn oder awer och méi vun Ärer Zäit an Usproch huelen. Et ass wichteg, datt Iech kloer erkläert gouf, wellechen Opwand d’Fuerschung fir Iech mat sech bréngt. Zéckt also net, fir Froen ze stellen.

Zeréck no uewen

 
 
Wat kënnt op mech duer, wann ech als Elterendeel un engem Fuerschungsprojet deelhuelen?

An deene meeschte Projete schaffe mir mat de Kanner an der Schoul. Normalerweis bréngt Äert Kand e Bréif mat heem, deen et vu senger Léierpersoun krut. Dëse besteet aus engem Informatiounsblat an engem Autorisatiounsformulaire. Am Informatiounsblat erkläre mir Iech, ëm wat et an der Studie geet, an informéieren Iech iwwert de geneeën Oflaf an eventuell Risiken. Esou kënnt Dir eng informéiert Decisioun huelen, ob dir wëllt, datt Äert Kand un der Fuerschung deelhëlt oder net. Meeschtens froe mir Iech dann, den Autorisatiounsformulaire auszefëllen an iwwert Äert Kand un d’Léierpersoun zeréckzeginn.

A verschiddene Projete biede mir Iech, fir e Froebou auszefëllen. Z.B. zu de Sproochen, déi Dir doheem schwätzt. Dës Informatioune gi streng vertraulech behandelt, anonym analyséiert an d’Léierpersounen hu keen Zougang zu dësen Donnéeën. Dir sidd net forcéiert, dëse Froebou auszefëllen. Et kann awer sinn, datt Äert Kand net un der Studie deelhuele kann, wann eis gewëssen Informatioune feelen.

Heiansdo schaffe mir och mat de Kanner an eisem Labo op der Uni. Da gitt Dir natierlech gebieden, Äert Kand ze begleeden. Dir kritt heifir eng Entschiedegung fir Är Transportkäschten an normalerweis och fir Ären Zäitopwand. Dëst gëtt Iech ganz genee erkläert, éier Dir d'Entscheedung huelt, um Projet deelzehuelen.

Et ass wichteg, datt Iech kloer erkläert gouf, wellechen Opwand d’Fuerschung fir Iech mat sech bréngt. Zéckt also net, fir Froen ze stellen.

Zeréck no uewen 

  
  

Muss ech/mäi Kand un der Fuerschung deelhuelen?

Neen.

D’Matmaachen un eise Studien ass fräiwëlleg. Dir oder Äert Kand sidd a kengster Hisiicht gezwongen, deelzehuelen.

Zeréck no uewen 

 
 
Vu weem ginn d’Kanner getest?

Vu Persounen, déi en Diplom an der Psychologie oder „Science de l’éducation“ hunn oder fir dëse studéieren a vun engem Professor op der Universitéit Lëtzebuerg betreit ginn.

Eis Equipe besteet aus:

  • Professeren – si hunn en Doktorat (an normalerweis Postdoc Erfahrung) an e Léierstull op der Universitéit Lëtzebuerg. Si dierfen onofhängeg fuerschen, Fuerschungsgelder ufroen, Doktoranten a Postdoce betreien an op der Uni ënnerriichten.
  • „Postdoc“ Fuerscher – si hunn en Doktertitel a fuersche, relativ onofhängeg, an hirem Fuerschungsgebitt, ënnert der Leedung vun engem Professer.
  • „Research Associates“ – si hunn dacks e Master Diplom a schaffen un engem spezifesche Fuerschungsprojet.
  • Doktoranten – si hunn e Master Diplom a studéiere weider fir en Doktertitel ze kréien.
  • Bachelor oder Master Studenten – si si Studenten an der Psychologen- oder Enseignants-Formatioun a léieren, wéi ee fuerscht. Si ginn intensiv trainéiert a betreit, éiert si dierfe mat Kanner a Schoule schaffen.

Weider Informatiounen zu eisem Team fannt Dir hei.

Zeréck no uewen

  
  

Kann d’Schoul, de Ministère, d'Léierpersounen oder d’Elteren Zougank zu den Donnéeë vun eenzelne Kanner kréien?

Neen.

D’Performancë vun eenzelne Kanner ginn net analyséiert. Amplaz kucke mir den allgemengen Trend vu Gruppe vu Kanner. All Informatioune gi streng vertraulech behandelt an déngen alleng zu Fuerschungszwecker. Just nëmmen de klenge Grupp vu Fuerscher, deen direkte Kontakt mat de Kanner huet, huet Accès zu de „Réidonnéeën“. All d'Donnéeë ginn anonym analyséiert.

Zeréck no uewen

 
  

Maacht dir och Diagnosen?

Neen.

Obwuel eis Equipe zum gréissten Deel aus qualifizéierte Psychologe besteet, diagnostizéiere mir kee Kand, dat bei eiser Fuerschung matmécht, mat engem intellektuellen Defizit, enger spezifescher Léierschwieregkeet oder anerem. Wa mir d’Kanner testen, geschitt dëst nämlech net an engem klinesche Kader. Fir eng richteg Diagnos kënnen ze maachen, ass de richtege klinesche Kontext enorm wichteg.

Et kënnt awer dacks fir, datt Elteren oder Léierpersounen un eis eruntrieden, well si sech Suergen ëm e Kand maachen. An dëse Fäll rode mir un, d’Kand bei engem vun de Servicer vun der Éducation différenciée (z.B. Equipes multiprofessionnelles) ze mellen an testen ze loossen.

Zeréck no uewen 

  
 

Wat bréngt et de Kanner, wann si un enger Studie deelhuelen?

Eis Aufgabe regen d’Kanner un, fir ze denken an ze iwwerleeën. D’Kognitioun gëtt also gefërdert. D’Kanner léieren och aus eegener Erfahrung, wat Fuerschung ass a wéi dës gemaach gëtt. Och déi individuell Betreiung vun enger qualifizéierter Persoun erliewen déi meeschte Kanner als eng Beräicherung.

Eis Erfahrung weist, datt d’Matmaachen un eise Studien de Kanner grousse Spaass mécht. Si fannen d’Aufgaben normalerweis immens spannend a flott. D’Kanner kréien, wann se fäerdeg sinn, dann och e klenge Präis, z.B. e Buch oder en Diplom. Dëst ass e flott Erfollegserliefnis, a si sinn dacks ganz houfreg, datt si esou gutt geschafft hunn.

Kanner, déi net dierfen un eise Studien deelhuelen, sinn an der Regel enttäuscht. Et kënnt dann och dacks fir, datt den Autorisatiounsformulaire awer nach vun den Elteren ënnerschriwwe gëtt, well d’Kanner doheem vun dem Projet erzielen an d’Elteren iwwerzeegen, fir awer matzemaachen. 

Zeréck no uewen 

  
 

Wat geschitt mat de Resultater?

Wa mir d’Donnéeë bis analyséiert hunn, schreiwe mir normalerweis en Artikel a schécken dësen un eng wëssenschaftlech Zeitung, zum Beispill Journal of Educational Psychology. D'Zeitung schéckt den Artikel dann un eng Partie vun internationalen Experten, déi e professionellen Avis iwwert d’Fuerschung ofginn. Dëst nennt een „peer-review“. Dat dauert an der Regel 6 bis 12 Méint an déi meescht Artikele ginn ofgeleent. Dofir dauert et dacks esou laang, bis mir eis Resultater kënne public maachen. Wëssenschaftlech Artikelen, déi aus eiser Fuerschung erausgoungen, fannt dir hei.

Wa mir eppes Wichteges erausfonnt hunn, schreiwe mir och dacks e „Communiqué de presse“, a wann d’Thema d’Journalisten interesséiert, da ginn eis Resultater och an der nationaler (oder internationaler) Press virgestallt. Beispiller heifir fannt dir hei.

All September kënnt dann och eng „Newsletter“ vum Grupp LEARN eraus, an där mir eis Resultater fir de generelle Public presentéieren. Dës Newsletter ass op Lëtzebuergesch a Franséisch a gëtt iwwert den Unterrechtsministère un all d’Schoulen am Land geschéckt. D’Newsletter ass och online an dir fannt se hei.

Mir ginn eis och gutt drun, fir eis Resultater iwwert aner Weeër bekannt ze maachen, zum Beispill iwwert Virträg, Interviewen, Websäite… Beispiller heifir fannt Dir hei

Zeréck no uewen

 

Ee grousse Merci der Madame Ehlinger fir d'Verbessere vum Lëtzebuergeschen.